Meffo's euroluxembourg.lu

     €L www.euroluxembourg.lu

5. März 2011

Stadt Luxemburg

Arbeit suchen



Die Ausbildung zur Aide Socio-familiale

Die Ausbildung zur Aide Socio-familiale erfolgt berufsbegleitend und geht über zwei Jahre.

Voraussetzungen hiefür sind:
  1. über 18 Jahre alt,
  2. Sprachbeherrschung: Luxemburgisch und Deutsch oder Französisch,
  3. zwei Jahre Erfahrung im sozio-familialen Bereich (Großherzogl. Reglement vom 21. Mai 1999).
Welchen Arbeitsvertrag man bekommt und wie die Einstufung erfolgt, hängt vom Kollektivvertrag ab, der je nach Einzelfall angewandt wird.

Es gibt hier

   1. den Kollektivvertrag Secteur d’Aide et de Soins (SAS);
   2. den Kollektivvertrag für Staatsarbeiter.

Nach dem Kollektivvertrag SAS behalten die Auszubildenden auch während der Ausbildung ihren schon bestehenden Arbeitsvertrag.

Gemäß dem Kollektivvertrag für Staatsarbeiter ist eine besondere Einstufungskategorie vorgesehen für diejenigen, die sich in der Fortbildung zur Aide Socio-familiale befinden.

Es existiert ein Papier der entsprechenden Ausbildungskommission, das festlegt, welche Minimalqualifikationen eine Aide Socio-familiale besitzen soll.

Ferner gibt es einen Katalog der Pflegeversicherung, welche Leistungen einer Aide socio-familiale von der Versicherung übernommen werden.

Darüber hinaus ist es jedoch wenig zweckmäßig, den möglichen Tätigkeitsbereich und das Einsatzgebiet einer Aide Socio-familiale genauer zu definieren oder erschöpfend zu umreißen.

Maulbronn

Wo können Sie sich zur Ausbildung zur Aide Socio-familiale anmelden?

Um zur Ausbildung angenommen zu werden, sind die Voraussetzungen:

    * über 18 Jahre alt sein;
    * Luxemburgisch sprechen
    * Deutsch oder Französisch sprechen
    * eine Erfahrung von mindestens 2 Jahren haben im sozialen und / oder erzieherischen Bereich


Wenn Sie sich zur Ausbildung Aide Socio-familiale anmelden möchten, schicken Sie bitte Ihre entsprechende Anmeldung an das Familienministerium zusammen mit:

    * Lebenslauf,
    * Auszug aus dem Strafregister [Casier judiciaire],
    * Bescheinigung Ihres Arbeitgebers

Die Adresse des Familienministeriums:
Ministère de la Famille
L-2919 Luxembourg

Für Informationen steht zur Verfügung:

Marc Meyers, Tel. 478 6541,
E-Mail:     Marc.Meyers@fm.etat.lu

Gewerkschaft:

Syndicat Santé, Services sociaux et éducatifs

André ROELTGEN
Membre du Bureau exécutif de l'OGB-L
60, boulevard J. F. Kennedy
B. P. 149, L-4002 Esch-sur-Alzette
Tél.: 54 05 45-280
e-mail: andre.roeltgen@ogb-l.lu

Pit SCHREINER
Secrétaire central de l'OGB-L
60, boulevard J. F. Kennedy
B. P. 149, L-4002 Esch-sur-Alzette
Tél.: 54 05 45-280
e-mail: pierre.schreiner@ogb-l.lu

Nora BACK
Secrétaire centrale adjointe
60, boulevard J. F. Kennedy
B. P. 149, L-4002 Esch-sur-Alzette
Tél.: 54 05 45-280 ou 54 05 45-266
e-mail: nora.back@ogb-l.lu


Question 1075 (10.5.2006) de M. Aly Jaerling (Indépendant) concernant le contrat de travail d’une aide socio-familiale en formation:

Mengen Informatiounen no ginn a verschidde Beräicher Aides sociofamiliales en formation während hirer véierjähreger Ausbildung ënner Aarbechtskontrakter als Aide ménagère beschäftegt, anstatt datt se e Kontrakt als Aide socio-familiale an formation ausgestallt kréien. Si mussen awer déiselwecht Interventioune verriichte wéi eng Aide socio-familiale. Obwuel datt an engem groussherzogleche Reglement vum 10. am Wäimount 1996 festgehale gouf, wat déi generell Attributioune vun den Aides socio-familiales sinn, ass nach ëmmer net kloer, wat hir spezifesch Aufgabe sinn, déi jeeno Etablissement a Chefetage variéieren. Et misst - eleng scho fir déi Leit, déi dëse Beruff ergräifen, ofzesécheren - iwwer e groussherzoglecht Reglement festgeluecht ginn, wat déi genau Aufgabe vun den Aides socio-familiales sinn.

Kënnen déi zoustänneg Ministerinne mir duerfir dës Froe beäntwerten:

1. Ass der Regierung bekannt, datt Aides socio-familiales en formation ënner Aarbechtskontrakter als Aide-ménagère während hire véier Joer Léierzäit beschäftegt ginn?

2. Wa jo, wat sinn d’Ursaachen dofir, a wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir datt déi Betraffen ënnert dem Statut vun Aide socio-familiale en formation beschäftegt ginn?

3. Wat sinn déi spezifesch Aufgabe vun den Aides sociofamiliales a wéini gi se kloer iwwer e groussherzoglecht Reglementno spezifeschen an der Entwécklung ugepasste Kritären definéiert?

Réponse commune (16.6.2006) de Mme Marie-Josée Jacobs, Ministre de la Famille et de l’Intégration et de Mme Mady Delvaux-Stehres, Ministre de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle:

Ier mer op dem Här Jaerling seng Froe wëllen äntwerten, wollte mer e puer generell Informatiounen zur Formatioun vum Aide socio-familial kloerstellen.
D’Ausbildung vun dem Aide sociofamilial gëtt am groussherzogleche Reglement vum 21. Mee 1999 definéiert. Si dauert zwee Joer an ass berufsbegleedend. Hei sinn och d’Konditiounen opgezielt ënnert deenen eng Persoun d’Formatioun dierf matmaachen: iwwer 18 Joer hunn; Lëtzebuergesch schwätzen an Däitsch oder Franséisch; eng Erfahrung hu vun zwee Joer am sozio-familliäre Beräich asw.

1. Bei der éischter Fro musse mir och nees e puer Explikatioune ginn.
Den Aarbechtskontrakt an d’Astufung an eng Carrière hängt vum Kollektivvertrag of. Et ginn e puer Kollektivverträg, wou d’Ausbildung zum Aide socio-familial spezifesch ernimmt ass. Et handelt sech hei, mengem Wëssen no, ëm de  Kollektivvertrag vum Secteur d’Aide et de Soins (SAS) an de Kollektivvertrag vun de Statsaarbechter.

Beim Kollektivvertrag SAS ass et normal, dass dës Leit während hirer Formatioun den ale Kontrakt bäibehalen. Et ass keng Carrière virgesi fir en Aide socio-familial en formation. Et handelt sech bei der Formatioun ëm eng Weiderbildung, wou een eréischt no der Formatioun en Urecht huet, fir an eng aner Carrière ze kommen.

De Kollektivvertrag vun de Statsaarbechter huet eng méi favorabel Approche, andeems d’Leit hei schonns während der Formatioun anescht agestuuft ginn. Wa si den Exame gepackt hunn, klamme si nees an eng aner Carrière.

Et gëtt also just eng Plaz, wou Leit kéinte falsch agestuuft ginn, dat wier beim Stat oder awer an engem Établissement public (wei zum Beispill Servior). Meng Servicer hunn hei nogefrot, an et ass net bekannt, dass eng Persoun, déi d’Formatioun mécht, net an déi Carrière kënnt, déi duerfir virgesinn ass.

2. Zu der zweeter Fro musse mir dem honorabelen Deputéierten Aly Jaerling soen, dass de Stat de bestehende Kollektivvertrag SAS net kann änneren. De Kollektivvertrag gëtt ausgeschafft tëschent dem Patronat an de Gewerkschaften. D’Regierung passt just op, dass d’Gesetzer agehale ginn. Et ass näischt virgesinn, dass et e Statut „Aide socio-familiale a Formatioun“ muss ginn.

3. Zur drëtter Fro: D’Aides sociofamiliales ginn net als héich spezialiséiert Personal ausgebilt. Duerfir hu mir aner Beruffer.

Hei geet et dorëms dëse Persounen e Basiswëssen a - kënne matzeginn, fir dass si hir Aufgaben am Beruff meeschtere kënnen. Déi Kommissioun, déi sech ëm d’Formatioun Aide socio-familial bekëmmert, huet awer e Pabeier ausgeschafft, wou en Deel vun den Aktivitéite beschriwwen ass, déi dës Leit kéinte maachen. Dëst soll dem Patron eng Iddi ginn, wat dës

Persoun capabel ass ze maachen. Des Lëscht ass just eng Opzielung, déi weder extensiv nach exklusiv ass.

Nieft dësem Pabeier ass den Aide socio-familial als Minimalqualifikatioun an der Fleegeversécherung virgesinn. Hei sinn eng Partie Akten opgezielt, déi hien dierf maachen a wou d’Union des Caisses de Maladie (UCM) des Akte rembourséiert.

Et ass also kloer, dass d’Chargen, jee no Plaz a Besoin, anescht sinn. De Patron soll d’Méiglechkeet hunn, se op diverse Plazen anzesetzen. D’Leit sollen och d’Méiglechkeet hunn, eng breet Palette vun Aktivitéite kënnen ze maachen an och hiren Aarbechtsberäich kënnen ze wiesselen.

Et ass net virgesinn e Reglement ze maachen, wou Akten opgezielt ginn, déi den Aide socio-familial dierf maachen. Dat géif dës Formatioun ganz staark aschränken an et net erlaben op verschidde Besoinen anzegoen. Donieft ass et och onméiglech alles opzezielen, well den Aide socio-familial an e puer Beräicher aktiv ass (al Leit, handicapéiert Leit, Kanner a Familljen).

4. Bei den Äntwerten hu mir eis op folgend Texter bezunn:

- réglement grand-ducal du 21 mai 1999 instituant une formation aux fonctions d’aide socio- familiale

- tâches de l’aide socio-familiale

- relevé-type des aides et soins requis de l’assurance dépendance

- convention collective du secteur d’aides et de soins

- convention collective des ouvriers de l’État.

Quelle:
Questions au Gouvernement. Compte rendu 2005-2006 Nr. 14.
 

Weitere Informationen

Viviane Loschetter: Formation de l'auxiliaire de vie. Question écrite n°1703. 24.4.2007.

Viviane Loschetter: Transformation de l'actuel CATP "auxiliaire économe" en "auxiliaire de vie". Question orale n°42. 3.5.2005.


Bitte beachten Sie, dass die auf dieser Website angebotenen Informationen zwar nach bestem Wissen und Gewissen laufend zusammengestellt werden, aber ohne rechtliche Gewähr für deren Richtigkeit oder Aktualität hier angeboten werden. Im Bedarfsfall bzw. bei Zweifeln überprüfen Sie bitte die Angaben, Sie können hierfür die in den Quellenangaben oder im Linkverzeichnis angeführten offiziellen Stellen bemühen. Sie können ebenso die Grüne Nummer benutzen, Tel. 80028002, aus dem Ausland 0080080028002. Abhängig Beschäftigten wird unter Umständen die Rechtsberatung durch ihre Gewerkschaft empfohlen; Selbständigen die entsprechende durch ihre zuständige Berufskammer oder ihren Berufsverband. - Empfehlen Sie uns bitte weiter, wenn Sie unser Informationsangebot hilfreich finden!