Meffo's euroLuxembourg.lu

€L www.euroLuxembourg.lu

26.12.2007


Altersrente

7.   Renten in und aus Luxemburg


Warum haben Sie plötzlich mehr oder weniger Rente bekommen?

Jedem Lohn- oder Gehaltsempfänger steht laut Arbeitsrecht eine Lohn- oder Gehaltsabrechnung zu, damit er sie überprüfen kann.

Viele Rentenempfänger hingegen sind jedoch mit Änderungen des ihnen ausgezahlten Renten- oder Pensionsbetrages konfrontiert und wissen nicht, woher diese rührt.

Änderungen wegen einer Index- oder einer Rentenanpassung werden grundsätzlich nicht besonders mitgeteilt.

Ansonsten soll jedoch eine besondere Mitteilung durch die Rentenkasse erfolgen, falls sich der ausgezahlte Betrag etwa durch eine Änderung der Besteuerung (z.B andere Steuerklasse) verändert hat.

Bei der Pensionskasse für Selbständige war es in jüngster Zeit nicht zu solchen Mitteilungen gekommen, weil das eingesetzte EDV-Programm nicht mitgespielt hatte.

 


Question 1183 (20.7.2006) de M. Jean-Pierre Koepp (ADR) concernant l’information des bénéficiaires sur les variations des montants des pensions et des rentes:

D’Aarbechtsgesetz seet aus, datt jiddereen e Paiziedel zum Enn vum Mount muss vu sengem Patron ausgestallt kréien, fir eng Iwwerpréifungsméiglechkeet ze hunn.

Bei de Bénéficiairë vun enger Rent oder Pensioun ass dat net esou. Am Prinzip brauch een dat jo och net, well de Betrag vun enger Pensioun oder vu Renten net variéiert.

Mä elo ass et awer esou, datt heiansdo aus verschiddene Grënn (z.B. Besteierung) de Betrag vun der Pensioun oder Rent variéiert, an de Betraffene weess dann net firwat an hie kann dat och aus senger Siicht schwéier iwwerpréiwen.

Verschidde Pensiounskeesen, z.B. d’Bauerepensiounskeess, deelen awer de Grond vu Verännerungen hire Pensionnairë mat.

An dësem Kontext hätt ech folgend Froen un den Här Minister:

1) Missten net all d’Pensiounskeese wéinstens eng kleng Matdeelung de Pensionnairen zoukomme loossen, firwat de Betrag vun hirer Pensioun geännert huet, eenzeg Ausnahm d’Index- oder d’Ajustementsupassung?

2) Wat gedenkt den Här Minister ze ënnerhuelen, fir datt hei eng akzeptabel Léisung kënnt fonnt ginn?

 


Réponse (11.8.2006) de M. Mars Di Bartolomeo, Ministre de la Santé et de la Sécurité sociale:

Zu der Fro vum Här Deputéierten ass Folgendes ze soen:

Et ass net richteg fir ze soen, datt d’Pensiounskeesen hiren Assuréë keng Erklärunge ginn, wann de Montant vun hirer Pensioun ännert.

Am Contraire, d’Aarbechterpensiounskeess, d’Privatbeamtepensiounskeess, d’Bauerepensiounskeess an och d’Pensiounskeess vun de Geschäftsleit deelen all Ännerung opgrond vum Niewenakommes an esou weider vun der Pensioun deene betreffende Leit schrëftlech mat, ausser - wéi den Här Deputéierte seet - wann et sech ëm Index- an Ajustementsupassungen handelt.

Den Här Deputéierten huet awer insofern Recht, wéi d’Pensiounskeess vun de Geschäftsleit hire Pensionnairë bis elo net matgedeelt huet - an dat ass deen eenzege Fall wou dat net geschitt ass -, wa se an en anere Steiergrupp komm sinn. Dat war zum Deel bedéngt duerch den Informatiksprogramm.

Meng Servicer hunn d’Pensiounskeess vun de Geschäftsleit op dëse Sachverhalt opmierksam gemaach, an an Zukunft kréien och dës Assuréen an dëse Fäll eng schrëftlech Matdeelung.

Wat d’Informatioun vun den Assuréen insgesamt ugeet, encouragéieren ech all Keesen, ob Pensiouns- oder Krankekeesen, dës Informatioun esou prezis a verständlech wéi méiglech ze maachen, a begréissen ausdrécklech déi Efforten, déi vun eenzelne Keese gemaach ginn.

Quelle:

Questions au Gouvernement,
Compte rendu 2005/2006 Nr. 16